Mes avis
Restaurant Aal Schoul
Alles tipptopp um Niveau vun der Qualitéit, Kader & Service, och de Ra...
Alles tipptopp um Niveau vun der Qualitéit, Kader & Service, och de Rapport Qualitéit/Präiss. Nit professionnell ass awer, wann de Client Gluten intolerant ass, de Menu mam Personal am Virfeld beschwätzt, an dann awer en Teller dohi gesat kritt, deen en 3 Deeg Krankheet verschaaft hätt, wann hien nit awer nogefrot hätt fir 100% sécher ze sinn. Hien wollt mam Kach doriwer schwätzen, mir kruten och gesot e kéim, mee en huet sech dunn awer aus dem Stëpps gemaacht, an dem Personal d'Responsabilitéit iwwerlooss, déi genéiert mat engem Pardon "d'Saach" aus der Welt geschaaf hunn. Als Entschiedegung kee Gespräich, awer d'Taass Kaffi op d'Haus. Dat hunn ech éierlech gesot zimmlech schappeg fonnt a nit professionell.